WALPROGRAMM
2023 – 2029
Liebe Mitbürgerinnen und Mitbürger,
Die CSV Mersch wusste stets durch Beständigkeit, internen Zusammenhalt, Nähe zu den Bürgerinnen und Bürgern, Zuverlässigkeit in der Koalition und treibende Kraft bei der Umsetzung des Koalitionsvertrages zu überzeugen. Alle großen und viele andere Dossiers wurden bereits in den beiden ersten Jahren mit CSV-Mehrheit im Schöffenrat in Angriff genommen und somit die Weichen für die Entwicklung unserer Gemeinde gestellt.
Die fast magische Grenze von 10.000 Einwohnern wurde 2022 überschritten, so dass auch die Anzahl der Sitze im Gemeinderat von 13 auf 15 steigen und ein dritter Schöffe das Kollegium vervollständigen wird. Angesichts der wachsenden Aufgaben und der Vielzahl an Projekten sicherlich ein wichtiger Schritt, der aber auch eine andere interne Organisation verlangt. Die CSV Mersch ist bereit sich mit ihrem kompetenten und motivierten Team allen Herausforderungen zu stellen und weiterhin große politische Verantwortung zu übernehmen.
Leere Phrasen und unrealistische Versprechen werden Sie in unserem Programm ebenso wenig finden wie Attacken auf politische Gegner. Der Merscher Gemeinderat hat in den vergangenen Jahren stets einen respektvollen und kooperativen Umgang miteinander gepflegt, dies wird nach dem Willen der CSV Mersch auch in den kommenden Jahren so bleiben.
Net schwätze mee maachen, dofir steet d’CSV Miersch.
Wir werden in diesem Programm nicht alle Initiativen, Syndikate, Vereinbarungen, Projekte, finanzielle Hilfen oder Engagements aufzählen, die mittlerweile zur Vita unserer Gemeinde gehören. All dies wird weitergeführt, wo nötig angepasst und wo möglich im Sinne der Bürger oder des Allgemeinwohls verbessert. Wir haben uns außerdem dem viel diskutierten „Gendern“ in diesem Programm enthalten, gemeint sind jeweils alle Menschen, die in unserer Gemeinde leben, unabhängig von ihrem Geschlecht. Well bei der CSV all Eenzelnen zielt.
Für all das, was bereits geplant ist oder das wir umsetzen möchten, braucht man natürlich auch die finanziellen Mittel. Die geringe Schuldenlast der Gemeinde und die umsichtige Planung der vergangenen Jahre erlauben es, diese Projekte nun zielstrebig anzugehen. Mir gestalten zesumme mat Iech d‘Zukunft vun eiser Gemeng.
42, Magasinier, Recken
Den Nelson Costa ass 42 Joer jonk an wunnt zu Recken.
Den Nelson schafft als Magasinier am service caténaire bei der Eisebunn. Hien ass gewerkschaftlech am Syprolux aktiv,wou hien sech fir seng Mataarbechter asetzt.
An senger Kandheet an als Jugendlechen huet den Nelson beim FC Marisca Fussball gespillt.Hien ass dann och weider am Fussball täteg bliwwen,an zwar nach 20 Joer als Arbitter .
Deemools huet den Nelson sech an d’Bierenger Jugend gemellt. An huet sech duerno och lokal an anere Veräiner engagéiert, e.a. bei der Amicale 5X Beringen wou hien haut nach aktiv ass.
Den Nelson kann een als Veräinsmensch bezeechnen, an weess och gutt wat Benevolat haut es daags bedeit. Dofir ass et ganz normal dat hien sech bei der CSV Miersch engagéiert huet. Mat senger Erfarung versteet hien den Veräiner hier Schwieregkeeten. An mat sengem politeschen Engagement kann den Nelson d’Mierscher Veräiner eventuell mat nei Iddien ënnerstëtzen.
60, Solution delivery manager, Rolleng
De Michael “Mik” Engbork huet 60 Joer an ass 2003 op Rolleng geplënnert.
De Mik schafft fir CFL multimodal als Solution Delivery Manager an ass en trainéierten LEAN Six Sigma Blackbelt.
Hien ass 2009 bei d’CSV Miersch bäigetrueden an huet iwwer d’Joren e puer Mandater ugeholl. Hie war och President vun der CSV international, Member vum CSV Nationalcomité a Nationalrot. Hien ass de Moment Member vum Komissioun fir d‘Informatiounsberodung an ass zënter 2011 President vun der Integratiounskommissioun.
Miersch ass säin Heem ginn an als Auslänner zu Lëtzebuerg ass hien der Meenung, datt et wichteg ass sech ze integréieren a matzemaachen, andeems een sech um demokratesche Prozess bedeelegt, fir all déi, déi hei wunnen, e positiven Ënnerscheed ze maachen.
A senger Fräizäit schafft hie fräiwëlleg beim Rugby Club Lëtzebuerg, wou seng dräi Kanner Rugby spillen, an ass Commit vun der Lëtzebuerger Rugby Federatioun. Hien ass och e begeeschterten Filme Maacher a gëtt der Gemeinschaft eppes zeréck andeems hien Videoen erstellt, déi lokal Sportsveräiner hëllefen méi Memberen unzezéien an d’Kanner motivéieren fir méi Sport ze maachen.
De Mik wunnt zanter 1997 zu Lëtzebuerg an ass amgaang d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.
54, Bréifdréier, Biereng
Den Heng Friederich huet 54 Joer, ass e Mierscher Jong a wunnt zënter iwwer 40 Joer zu Biereng.
Hien ass 30 Joer mat engem Bierenger Meedche bestuet, dem Marianne Schintgen an huet e Jong vun 21 Joer.
Vun Beruff ass den Heng mat Läif a Séil Bréifdréier an dat aktuell zu Biereng an Essen.
A jonke Jore war hie vill an de Mierscher Veräiner aktiv, hei virun allem an der Musek, de Scouten, am Fussball a net ze vergiessen der Amicale 5x Beringen.
Lo wou säi Bouf de Bob aus den Haus ass, ass rëm méi Zäit fir sech ze engagéieren a niewent dem Kiwanis wëll den Heng ënner anerem an der Lokalpolitik eng Hand mat upaken.
an senger Fräizäit geet den Heng gär Fussball kucken,mat deem gemeinsamen Hond spadséieren,an sengem Gard schaffen, an ass een leidenschaftleche Hobby-Kach.
Als Mann aus dem Vollek, deen all Dag mat de Bierger am Kontakt steet, ass et him wichteg, dass d‘Entwécklung vun der Mierscher Gemeng net stoen bleift, dëst am Aklang mat der Ëmwelt an dem Klimaschutz.
62, Pensionéierte Geschichtsproff, Biereng
De Pascal Geisen huet 62 Joer, ass pensionéierte Geschichtsproff, bestuet mam Wolfgang Frank an säit 22 Joer an enger Bezéiung.
1997 ass hien vun Helsem op Biereng geplënnert. Hien huet am Lycée Technique zu Ettelbréck an am Sportlycée an der Stad enseignéiert. Hie war bei senge Schüler beléift, well et him wichteg war seng Schülerinnen an Schüler ze ënnerstëtzen.
Zu Miersch ass hie Member vun der Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch, fir déi hie schonn u ville Publikatiounen an Ausstellungen deelgeholl huet. Ausserdeem ass hien Member am Comité vun Gaart an Heem zu Biereng a Co-Organisateur vum Klenge Maart zu Biereng. Hien ass den aktuelle Secrétaire vum Kiwanis Club Uelzechtdall – Mersch. Do dernieft ass hien och Member vun der Mierscher Integratiounskommissioun souwéi vun der Sozialkommissioun. Hien interesséiert sech staark fir sozial Themen aus allen Generatiounen. Hien ass President vun der Chancëgläichheetskommissioun.
An der Pensioun trëppelt de Pascal gär mat sengen 2 Muppen a Gesellschaft vu sengem Mann duerch d’Bëscher vu Miersch an Ëmgéigend. Hie schätzt nach ëmmer Geschicht a liest gär spezialiséiert Zäitschrëften, Biographien an historesch Romaner.
Gaardenaarbecht, Reesen an Asien, Dekoratioun, Thai Seid sinn e puer vun sengen Lieblingshobbyen.
21, Schülerin, Rolleng
D’Luana Gengler ass eng 21 Joer jonk Schülerin vu Rolleng bei Miersch.
Si huet hir Grondschoul zu Miersch ofgeschloss. Am Secondaire war si am Ufank am Sportlycée an duerno as si op eng Konschtsektioun an den Lycée des Arts et Métiers gewiesselt. Dëst Joer mëscht si do hire Première’s Examen.
Si ass ueschtert Land bekannt fir hir sportlech Leeschtungen (Nationalkader am Karate Kader/Walfer) an Regional bei de Scouten (Les Loutres Mersch).
Als talentéiert Athletin ass si mat der Nationalekipp vill international gereest. Si huet vill national a lokal Auszeechnunge fir hir athletesch Leeschtungen kritt, déi hir déi neideg Erfarung ginn, fir kënnen an der Gemeng och am sportlechen Beräich weiderzehëllefen.
An hirer Fräizäit hëlleft si och fräiwëlleg bei nationalen an internationale Karatetournoien als Coach oder am Staff mat. Si kombinéiert gär Sport mat Natur a genéisst Spadséieren a Kloteren. Eng vun hiren anere Passiounen ass Gestalten, Zeechnen an Design, déi si gären an hiren Studien an der Architektur weiderféieren well.
Luana ass zielorientéiert, motivéiert an engagéiert.
Et ass hir wichteg, datt jonk Iddien gehéiert gin an datt d’Gemeng zukunftsorientéiert organiséiert gëtt.
29, Assetmanager, Miersch
Den Fränk Kraus ass 29 Joer al, zu Miersch opgewuess an wunnt mat senger Fra zu Miersch.
Den Fränk schafft als Assetmanager am Beräich erneierbar Energien. Duerch seng Ausbildungen als Elektrotechniker, Elektrikermeeschter an duerch säin BTS an der Comptabilitéit an Steierrecht leien him d’Themaen Nohaltegkeet, wirtschaftlech Entwécklung souwéi Digitaliséierung vu Servicer zu Miersch um Häerz.
A senger Fräizäit spillt hien Basket beim Black Star Miersch a besicht och gären aner Sportlech-, Kulturell- an biergerlech Manifestatiounen. De Fränk ass motivéiert, fläisseg an oppen. Hien schafft pragmatesch an léisungsorientéiert.
45, Bankemployée, Miersch
Linda Lamri huet 45 Joer an wunnt säit 2008 zu Lëtzebuerg. Hat ass mat hirem Partner an hiren zwee Kanner 2020 op Miersch wunnen komm.
Hat schafft säit 2001 am Finanzsecteur an huet entscheet sech an der CSV Miersch ze engagéieren fir mat hirem Know-How zur d’Entwécklung vun Miersch an der Gesellschaft bäizedroen.
Linda ass engagéiert an setz sech fir déi bedierfteg Leit an an ass säit hirer Kandheet am Benevolat täteg. Mat hirem Engagement bäi der CSV Miersch wëll si sech fir hir Stad engagéieren an domat hiren Beitrag zur Entwécklung vu Miersch an der Gesellschaft leeschten.
56, Professer, Rolleng
Michèle Lorang wunnt zu Rolleng, huet 56 Joer, ass bestuet a Mamm vun zwee Jongen an engem Meedchen.
D’Michèle ass Professer am Centre de Logopédie, dem Kompetenzzentrum fir Sprooch, Héieren a Kommunikatioun zu Lëtzebuerg. Hatt ass Formatrice um IFEN, dem Institut de Formation de l’Éducation Nationale, a begleet Enseignantë an hirem Stage. D‘Aarbecht mat de Schülerinnen a Schüler an d‘Zesummenaarbecht mat hiren Elteren a mam Léierpersonal ronderëm d‘Theme Sprooch, Léieren, Schoul, Erzéiung an Inclusioun gehéieren domat zu sengem Alldag. An dësem Beräich huet d’Michèle och promovéiert, dofir ass dëst och ee Schwéierpunkt vu sengem politeschen Engagement.
An der Gemeng Miersch ass d’Michèle Member an der Schoulkommissioun an am Comité des fêtes. Als Presidentin vun der Informatiounskommissioun setzt hatt sech fir en einfachen Zougang vun alle Biergerinnen a Bierger zu Informatiounen zu villfältegen Themen iwwer villfälteg Weeër an.
Seng Fräizäit verbréngt d’Michèle mat Lafen a Liesen, mat Schaffen am Gaart a Genéisse vun der Natur.
45, Attachée à la Direction, Miersch
Claudine MENDES ép. PORTELADA, huet 45 Joer, bestuet, 2 Kanner an vun Beruff ass hat
Attachée à la Direction. Opgewuess ass Claudine zu Munneref an säit 2003 ob Miersch wunnen
komm.
Seng Hobbyen sinn kachen, baken, liesen, ënner Famill an Frënn sinn an mam Hond spadséieren
goen. Aktiven Member vum DT Recken, hëlleft hat do gären wann Matcher oder Tournoien sinn.
Benevolat an als Team zesummen ze schaffen ass fir hat eng Selbstverständlechkeet
D’Liewensqualitéit vun de Kanner, Jugend an den Elteren an eiser Gemeng ass et ganz wichteg fir
d’Claudine, dofir huet hat decidéiert sech politesch ze engagéieren.
D’Qualitéit vum Liewensraum limitéiert sech net nëmmen op sengem Haus/Appartement, mee och
vun ëffentleche Plazen, Treffpunkt-Fräizäit, Gréngflächen, Zentralitéit, Diversitéit a Proximitéit.
Miersch soll attraktiv an esou positiv wéi méiglech an de Käpp vun de Leit mee och vun de jonk
Leit bleiwen. Sie kënnen eng positiv Kraaft fir d’Entwécklung vun Miersch sinn.
57, Bankemployée e.r., Rolleng
D’Letizia Menei ass 57 Joer al, bestuet, Familljemënsch a Mamm vun enger 21 Joer jonker Duechter an huet och zwee adorabel Hënn. Si wunnt zanter bal 30 Joer zu Rolleng.
Si huet am Finanzsecteur geschafft. Hei war si och an der Personaldelegatioun involvéiert als Delegéierten vun der Chancegläichheet a Rettungsaarbechterin.
Als fréier Athletin a Mamm vun enger Spëtzesportlerin war si bal hiert ganzt Liewen am Sport engagéiert, sou datt et hir kloer war, de Sport an der Gemeng Miersch z’ënnerstëtzen. Letizia ass Member vun de Sports- a Chancëgläichheetskommissioun. Si ass Comitésmember am Karate Club Walfer an këmmert sech ëm déi technesch Finanze vum Veräin. Bis viru kuerzem war si och Member vun der FLAM (Fédération des Arts Martiaux Luxembourg) Karatesektioun.
D’Letizia ass zënter 2022 pensionnéiert, a ka sech elo méi op dat soziaalt Liewen an hire Passiounen an Hobbyen widmen. Si schätzt et an Harmonie mat der Natur ze liewen, mëscht gär Gaardenaarbecht a Fotografie a genéisst ët mat hirem Mann Marc an hiren Muppen trëppelen ze goen.
Fir sie ass d’Pensioun kee Grond fir stoen ze bleiwen, sou datt si sech op vill Manéiere weiderbild. Kierzlech huet si den Ofschloss an der Naturopathie gemach an eng Formatioun fir 1. Hëllef an der mentaler Gesondheet.
67, Fonktionär e.r., Gemengeconseiller, Miersch
Den Romain Miny huet 67 Joer a wunnt zu Miersch. En ass bestuet a Papp vun 2 erwuessenen Meedercher.
De Romain ass viru 6 Joer an de Gemengerot gewielt ginn. Hien ass e ganz sozial agestallte Mënsch. Hien kennt ganz genee d’Problemer vun eiser Gesellschaft an huet als President vun der Sozialkommissioun a vum 3. Alter zesummen mat de Memberen vun dëser Kommissioun virun allem fir Besoinen vun deenen agesat deenen et net esou gutt geet. Dës weideren ass hien Member am Fairtrade-Grupp vun der Gemeng a Vertrieder vun eiser Partei am Comité vum ZAMID (Zone d’Activités Mierscherdall). Hien ass och als Gemengevertrieder am Verwaltungsrot vum Mierscher Kulturhaus.
Mir liewen de Moment an enger komplizéierter Welt. Vill Leit sinn iwwerfuerdert a veronséchert, jo, an hunn och zum Deel Angschtgefiller. Hei gesäit de Romain seng Flicht doranner des Leit ze ënnerstëtzen, an een soziaalt Ëmfeld ze schafen dat déi Leit net Gefill hunn ausgeschloss ze bleiwen. Hien versprécht net egal wat, mee setzt sech fir Saachen an déi ze realiséieren sinn an och noutwenneg sinn.
De Romain ass aktive Member am Syndicat d’Initiative et du Tourisme, an der Amiperas, wou d’Aktivitéiten déi läscht 3 Joer Pandemie bedéngt kräfteg gelidden hunn an ass och an engem Service Club engagéiert.
A senger Fräizäit liest hien vill an interesséiert sech fir modern Konscht.
24, Student, Miersch
Den Tim Reding ass e gebiertege Mierscher an huet 24 Joer. Hien mecht am Moment e Stage zu Paräis am Kader vu sengem Master 2 Droit européen op der Uni vu Montpellier, wou en déi lescht fënnef Joer studéiert huet. Do hat en d’Chance am CELM (Cercle des étudiants luxembourgeois à Montpellier) kënnen aktiv ze sinn, dovunner och ee Joer laang als President. Donierwt war en zwee Joer laang Comitésmember bei der ANELD (Association nationale des étudiants luxembourgeois en droit) an iwwert ee Joer Secrétaire sportif am Tennis Club Miersch. Als laangjähregen aktive Member a Saxophonist an der Mierscher Musek ass en ausserdeem säit 2022 Co-organisateur vum Jugendstage deen ee Mol d’Joer statt fënnt. Fir d’Gemengepolitik leie seng Schwéierpunkten aktuell bei Kultur, Sport a Veräiner, well hien zu Miersch komplett zefridden opwuesse konnt an iwwerzeegt ass, dass dorunn eng grouss Roll déi gutt Virraussetzunge spillen, déi et an deene Beräicher hei gëtt. Dofir wëllt en sech och elo dofir asetzen dass dat weiderhin laangfristeg esou bleiwt an nach ëmmer weider entwéckelt gëtt, fir dass Kanner, Jugendlecher an Erwuessener gäeren a glécklech hei liewen.
60, Sportprofesser ,1. Schäffen, Miersch
De Michel Reiland huet 60 Joer, ass bestuet, Papp vun 2 Meedercher a wunnen zu Miersch um Lohrbierg. Vu Formatioun ass de Michel Sportprofesser an hie schafft an der Ecole Internationale Mersch Anne Beffort zu Miersch.
De Michel ass säit 2009 am Gemengerot, säit 2012 éischte Schäffen an der Gemeng. D’Schoul, d’Kannerbetreiung, Jugend, Sport, Kultur an d’Veräiner stinn natierlech, och duerch dem Michel säi Beruff, ganz vir a senge Prioritéiten. Do erstaunt dann och net dass de Misch Präsident vu Fit Kanner Miersch ass. Aner Ressorte sinn Informatioun, Soziales an drëtten Alter.
Laangzäit war Basket dem Michel säi Liewen. Hien war Spiller, iwwer 20 Joer laang Basketnationaltrainer, a hie konnt hëllefen de Centre de Formation matzegestalten, d’Basketsinternat zu Miersch opzebauen an d’Weiche fir de Sportslycée mat ze leen. Haut ass de Michel Responsabel fir Trainerformatioun a säit e puer Joer ass hie Vizepresident vun der Basketfederatioun (FLBB).
Als Vizepresident vum Naturschutzsyndikat SICONA weess de Misch dass mer op eis Natur musse Récksiicht huele wa mer eis Gemeng weider entwéckelen. An dëser Entwécklung vun der Gemeng muss awer un all d’Bierger geduecht ginn, un di Jonk un di eeler Léit, Letzeburger wéi Auslänner. Dofir setzt hien sech weiderhi fir eng gerecht Politik no beim Bierger an.
46, Indépendant, Gemengeconseiller, Miersch
Den Abby Toussaint huet 46 Joer a wunnt scho genee sou laang zu Miersch. En ass bestuet a schafft säit gläich 30 Joer am elterleche Betrib, deen hien am Joer 2000 iwwerholl an ausgebaut huet.
Hien ass säit 12 Joer am Gemengerot, dovun 2 als Schäffen. An där Funktioun huet hien sech virun allem fir Ëmweltthemen, Sécherheet an d’Schafen vu méi ëffentleche Wunnengen agesat.
Als President vum Ofwaassersyndikat SIDERO weess hien, wéi et ass en ëffentleche Betrib mat iwwer 80 Mataarbechter an engem grousse Budget ze leeden a fir d’Zukunft fit ze maachen.
D’Politik gesäit hien als Méiglechkeet der Gemeinschaft ze déngen an d’Entwécklung vun der Gemeng positiv ze beaflossen.
Dass hien am Organisatiounsteam vu Mier si Miersch ass verwonnert dofir genee sou wéineg, wéi säin Engagement als President vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Miersch.
A senger Fräizäit engagéiert hien sech an engem Service Club fir defavoriséiert Kanner a genéisst mat senge Muppen déi schéi Natur an eiser Gemeng.
40, Politesche Beroder CSV, Biereng
Den Henri Wagener huet 40 Joer an ass zesumme mat senger Partnerin virun engem Joer op Biereng geplënnert.
Den Henri ass vu Formatioun Ekonomist a schafft als politesche Beroder bei der CSV Fraktioun.
Hee fillt sech immens wuel an der Mierscher Gemeng a well duerch säi politescht Engagement dofir suergen, dass Miersch och an Zukunft eng flott a liewenswäert Gemeng bleift. Den Henri well de Wuesstem vun der Gemeng begleeden an sech drëm këmmeren, dass d’Infrastrukture fir de Sport, d’Kannerbetreiung an de Verkéier den Ufuerderunge vun de Bierger gerecht ginn.
Ausserdeem well hien sech dofir asetzen, dass déi nei Mierscher beschtens integréiert ginn, mat Hëllef vun der Gemeng an de Veräiner.
A senger Fräizäit reest a baakt den Henri gären, a geet gäre mat sengem Mupp an d’Natur spadséieren.